STOP TTIP : Lëtzebuerg géint TTIP ( Fir Demokratie, Sozial-, Ëmwelt- a Verbraucherschutz-standarden )

Opruff: Grouss Protestveranstaltung géint d’Fräihandelsofkommes CETA an TTIP den 10. Oktober

Mat de geplangte Fräihandelsofkommes’en CETA an TTIP sinn zentral Errungenschafte vun eiser Demokratie a Punkto Verbraucher-, Ëmwelt- a Sozialstandarden a Gefor. Duerfir organiséiert och déi europäesch Anti-TTIP-Plattform eng grouss Protestveranstaltung géint déi Ofkommes’en – a fir den Erhalt vun eisen zentrale Wäerter vun eiser Gesellschaft. D’Präsenz vu ville Leit op dëser Manif ass absolut néideg fir ganz kloer ze weisen: als Bierger stelle mäer eis géint déi Ofkommes’en, déi och aus economescher Siicht héchst ëmstridde sinn. Duerfir: schreift Iech den Datum elo schonn op a kommt onbedéngt laanscht! D’Präsenz vun all Eenzelnen ass wichteg. Am folgenden verëffentleche mäer eng gemeinsam Positioun vun Organisatiounen déi zur Protestveranstaltung opruffen.

Kommt den 10. Oktober 2015 um 11.00 op der Place Clairefontaine an der Stad.

  • label pays : Luxembourg
  • label intitule lieu ville : Luxemburg
  • label intitule lieu emplacement : Place de Clairefontaine
  • label date : 10 October 2015 11:00